ech wëll éierlech sinn ech hat gegleeft et wier alles scho gesot hunn aus angscht virun den äntwerten keng froe méi gestallt aus angscht op féiss ze trëppelen kee schrëtt méi gewot ech hunn an eidel raim gejaut a mech gewonnert dass näischt zeréck geschalt huet hunn ëmmer manner gefillt keng péng méi an och soss - mee sou laang nach loft meng longe fëllt zitt de bläistëft läinzeechen an d'heft ech zwénge mech z'erliewen verbidde mer d'vergiessen ni méi roueg ni méi op zéiwespëtzen ech wëll opstoen an éierlech sinn ech hat gegleeft et wier alles scho gesot dobäi geet no all punkt en neie saz un








